Musek a Gesank Gemeng Dippech

Musek a Gesank an der Gemeng Dippech

 

Den Toun mécht d’Musek! Dat bekannte Sprachwuert kann een an eise Gesank- a Museksveräiner wuertwiertlech huelen. D’Gemeng Dippech huet 3 Gesangveräiner, déi haaptsächlech als Kierchechouer fonctionnéieren, mä awer och Concerte mat weltlecher Musek offréieren. Doniewent gëtt et nach de Kannerchouer d’Schuller Fénkelcher an d’Schuller-Sprénkenger Musek.

 

Musek maachen ass net nëmmen en Hobby, mä et ass en Ausgläich fir den alldeegleche Stress ofzebauen, deen an eiser heiteger Gesellschaft ëmmer méi opkënnt. Och leeschten eis Gesank- a Museksveräiner eng sozio-kulturell Aarbecht, well e Veräin ass déi ideal Plaz fir d’Mënsche vun alle Nationalitéiten a vu verschiddene Kulturen zesummen ze bréngen.

 

An der Gemeng Dippech si scho säit de 70er Joere Musekscoursen ugebuede ginn. Duerch eng Konventioun mat der Käerjenger Musekschoul ass et méiglech, datt all Interesséiert, ob grouss oder kleng, Musek léiere kann, sief dat fir en Instrument ze spillen oder fir ze sangen.

 

Och eis Kulturkommissioun, déi fir d’Iwwerwaachung vun de Musekscoursen zoustänneg ass, ass houfreg iwwert déi grouss Zuel vu Schüler, déi an der Gemeng Dippech d’Musekscourse besichen. E grousse Merci un den Direkter vun der Käerjenger Musekschoul, deen et erméiglecht, datt Instrumental- a Solfègecoursen an eiser Gemeng ofgehale ginn, an d’Schüler sech net mussen an eng aner Gemeng deplacéieren.

 

D’«Commission des affaires culturelles et des festivités communales» setzt sech folgendermoossen zesummen:

Bleser Jean-Paul (President), Wilhelm Raoul (Sekretär), Bei John, Delleré Marie, Mischo Rob, Neu Carlo (Membren). 1 Poste bleift ze besetzen (Situatioun Februar 2014).

 

D’Gemeng Dippech huet 3 Delegéierten (Bei John, Wilhelm Raoul - 1 Poste bleift ze besetzen) an der Iwwerwaachungskommissioun vun der Käerjenger Musekschoul.

 

Sidd Dir u Musek oder Gesank interesséiert, da kontaktéiert eng vun deenen nofolgenden Adressen:

 

·       Commission des affaires culturelles et des fêtes communales (www.dippach.lu):
Jean-Paul Bleser, 145a route de Luxembourg, L-4973 Dippach, Tel.: 661 74 12 26

·       Chorale Ste Cécile Bettange-sur-Mess:
Theis François, 17 rue René de Geysen, L-4971 Bettange-sur-Mess, Tel.: 37 86 13

·       Chorale Ste Cécile Dippach
Johanns Alfred, 5 rue Centrale, L-4974 Dippach, Tel.: 37 06 41

·       Chorale Ste Cécile Schouweiler-Sprinkange:
Kass Robert, 11 Rue de la Résistance, L-4996 Schouweiler, Tel.: 37 88 97

·       Schuller Fénkelcher
Kass Robert, 11 Rue de la Résistance, L-4996 Schouweiler, Tel.: 37 88 97

·       Fanfare Schouweiler-Sprinkange:
Wilhelm Raoul, 15 rue de la Résistance, L-4996 Schouweiler, Tel.: 37 13 04


© Käerjenger Musekschoul 2014