Harmonie Municipale Bascharage a.s.b.l.


Zënter méi wéi 140 Joer suergt d’Käerjenger Musek mat hiren Ensemblen fir Ennerhalung an der Uertschaft, sief dat durch Concerten, Bëschfest, Hämmelsmarsch, Prëzëssioun, Begleedung vu Cortegen, Encadrement bei Feierlegkeete vu Vereiner, asw.

                                   

D’Käerjénger Musek organiséiert all Joer de Gala Show-Concert mat auslänneschen Artisten an der Hall Sales-Lentz op Bommelscheier, deen an engem flotte Kader mat Dekor a Bistro e puer honnert Leit unzitt.

                  

Ongeféier all 3 Joer stet een Ausflug mat Concerten an d’Ausland um Programm. Dee leschten war 2013 op Cadzand an Holland mat Besichtegung vun dem Busfabrikant Van Hool, de Stied Middelburg (NL), Sluis

(NL) an Antwerpen (B).

                        

D’Prouwen sinn Denschdes owes vun 19.30 bis 21.30 Auer a Freides owes vun 20.00 bis 22.00 Auer ënnert der Leedung vum Alain Baustert, 1te Flûtist an der Militärmusek, fir den Harmonieensemble.

 

     

 

 




D‘Jongbléiser Käerjeng ginn dirigéiert vum Sven Drui.

Hir wëchentlech Prouf ass Freides vun 19.00 bis 20.00 Auer am Museksall.

All Kand, dat zënter engem Joer en Instrument an der Musekschoul léiert,

ass Wëllkomm bei de Jongbléiser.

 

Kontaktpersounen sinn:

 

Paul Mahowald, Präsident : T. 502521

Christiane Noblet-Eickmann, Sekretärin : T. 500573

Oder

Alain Baustert, Dirigent: T. 661 909064

Sven Drui, Chef vun de Jongbléiser: T. 691 649449

Internetsite : www.hmbascharage.lu        Email : info@hmbascharage.com

© Käerjenger Musekschoul 2014