Fanfare Schouweiler-Sprinkange

D’Fanfare Schuller-Sprénkeng huet am Moment 27 Musikanten um Pult. Dee jéngste Musikant huet 7 Joer an deen Eelsten 82 Joer. Geprouft gëtt Freides owes vun 20.00 bis 21.30 Auer am Musekssall an der Gemeng. De Repertoire deen eis Musek spillt ass modern an de Méiglechkeete vun eisem Orchester ugepasst.

 

D’Instrumenter déi an eiser Musek gespillt ginn, si Flütt, Saxophon (Sopran, Alt, Tenor, Baryton), Bugle, Trompette, Alto, Cor, Baryton, Euphonium, Trombone, Bass, Bass Gittare a Perkussioun. Normalerweis spillen an enger Fanfare keng Flütten a Klarinetten, mä och déi Instrumenter si bei eis wëllkomm.

 

Vun 2006 bis am September 2011 huet och e Schülerensemble (Fanfarchen) bestanen, dee leider keng Aktivitéit méi huet, well net genuch Instrumenteschüler do sinn déi am Ensemble wëlle matmaachen. Dësen Ensemble hat näischt mat der Musekschoul ze dinn, mä war ob fräiwëlleger Basis vun der Fanfare an d’Liewe geruff ginn. Dësen Ensemble huet de jonke Schüler d’Méiglechkeet gi fir an engem Ensemble, zesumme mat aneren ze spillen. Doduerch kréien d’Schüler ganz fréi d’Geleeënheet fir am Groupe zesummen ze spillen an esou eng ganz nei Erfahrung ze maachen. Mat liichten a moderne Stécker hunn si am Kader vum Gala Concert vun der Musek bewise wat si geléiert hunn. De Wonsch wär, datt d’Fanfarchen erëm géing opliewen, fir esou d’Zukunft vun eiser Schuller-Sprénkenger Musek ze garantéieren.

D’Instrumenter gi vun der Musek zur Verfügung gestallt, dat och fir Schüler déi eréischt en Instrument léiere wëllen, esou wäit si Verspriechen no engem bis zwee Joer bei den Aktivitéite vun der Fanfare respektiv vun der Fanfarchen matzemaachen. Et gëtt keng Locatioun fir d’Instrumenter gefrot. Kontaktpersoun fir d’Instrumenter ass d’Nicole Wilhelm-Kraus, Tel.: 37 13 04 (no 18.00 Auer).

 

D’Musek gëtt geleet vum Mariette Simon-Clemens (President), Maryse Karier (Sekretär), Lucienne Marx-Kalmes (Keessier) an de Comitésmembere Béatrice Lemmer, Jeannot Martin, Ben Mathgen, Guy Simon, Nicole Wilhelm-Kraus. Dirigent ass de Raoul Wilhelm an de Fändel gëtt vum Gilbert Sondag gedroen.

 

All Musikant, ob grouss oder kleng ass bei eis häerzlech wëllkomm. Weider Informatioune kritt Dir bei eise Membere vum Comité oder schreift eis ob secretariat.fss@gmail.com.


© Käerjenger Musekschoul 2014